PRAKTESCH INFORMATIOUNEN
Mir sinn e « centre d’accueil » fir Kanner déi um site scolaire Minsbech an d’Schoul ginn. D’Kanner vum éischte Joer Spillschoul bis an d’6. Schouljoer kënne bei eis opgeholl ginn.
D’ Maison Relais ass all Dag op an zwar :
| Méindes | Dennschdes | Mettwochs | Donneschdes | Freides |
| 7.00- 8.00 | 7.00- 8.00 | 7.00- 8.00 | 7.00- 8.00 | 7.00- 8.00 |
| 12.00-14.00 | 12.00-19.00 | 12.00-14.00 | 12.00-19.00 | 12.00-14.00 |
| 16.00-19.00 | | 16.00-19.00 | | 16.00-19.00 |
An der Vakanz si mir da vu moies 7.00 bis owes 7.00 Auer op.
D'Crèche ass op vu moies 7 bis owes 7 !
D’Equipe aus der Maison-Relais ass folgendermoossen zesumme gestallt:
Ø Maggy Fromet-Weinandt éducatrice graduée a chargée de direction
Ø Josette Gasperi-Kirsch éducatrice diplômée
Ø Gaby Braun éducatrice diplômée
Ø Sandy Wilhelmy éducatrice diplômée
Ø Yves Phillipart éducateur diplômé
Ø Paula Do Carmo-Apolinario aide socio-éducative
Ø Viviane Konsbruck-Wegener aide socio-éducative
Vanessa Klein éducatrice diplômée
Isabelle Brandenburger-Carvalho aide socio-éducative
Helena Da Cruz pédagogue/chargée de direction adjointe
Inga Juliusdottir éducatrice diplômée
Liliane Grethen éducatrice diplômée
Eis Präisser si gerechent nom System vun de Chèque Service, déi am März agefouert gi sin.
WAT MAACHE MIR AN DER MAISON RELAIS?
Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass d’Cantine an der Mëttesstonn, wou mir all zesummen am Centre Culturel iessen. Awer mir maachen och nach aner interessant Saachen :
- Mir sinn do fir déi Kanner wou d’Eltere moies fréi scho musse schaffe goen an déi virun der Schoul eis Hëllef brauchen.
- No der Schoul ginn d’Hausaufgaben gemaach an soss aner Aktivitéiten.
Wann d’Wieder et nëmmen erlaabt si mir och vill dobaussen.
Mir sinn an all de Schoulvakanzen op.
Während dëser Zait maache mir flott Aktivitéiten zesummen.
Mir maache verschiddenes an der Maison Relais, wei spillen, bastelen, molen, kachen , liesen an esou weider.
Mir ginn awer och eraus a maachen Aktivitéiten ausserhalb vun Minsbech. Mir ginn an de Bësch, fueren an d’Schwemm, an d’Stadt, op Austellungen (z.B. Hariboausstellung zu Tréier).
Heiansdo si mir dann och den ganzen Dag fort an huele Pique-nique mat. Mir ware schons an de Betebuerger Park, an de Märeler Park, an de Päiperlécksgaart, op Iechternach op de Séi, mam Velo fueren oder op Veianen op d’Mëttelalterfest.
A mir hunn nach eng ganz Rëtsch aner flott Idien.