Publications 2020/21

PDS 2018-21

Gallery walk

D'Aarbecht vun eiser Schoul am Kontext vun der Schoulentwécklung aus de Joren 2018 - 2021.

Am Joer 2017 hu mir eis als Schoul vill nei Ziler gesat un deene mir vun 2018 un schaffe wollten, dëst fir virun allem d’Wuelbefanne vun allen Acteuren, also Schüler a Schoulpersonal, ze steigeren. An de Beräicher vum Léieren, de Medien an awer och der Schoulgemeinschaft hu mir eis nei Ziler gesat, déi op d’Besoine vun der Schëtter Schoul ofgestëmmt waren.

Verschidden Ziler hate just eenzel Cyclen uviséiert, anerer hu mir als Schoul gemeinsam an Ugrëff geholl. Entstan ass esou eise PDS, de Plan de développement de l’établissement scolaire, un deem mir vun 2018 bis 2021, niewent eisem schouleschen Alldag, ëmmer nees geschafft hunn.
Mir hunn als Schoul esou villes ëmgesat, datt et fir eis all oft net einfach war, ze wëssen, wat mir schonn alles geleescht hunn. Dofir hu mir vum 20. Januar - 5. Februar 2021 eng Ausstellung organiséiert:

  • e Gallery Walk. A Form vu Plakater hunn di eenzel Cyclë festgehal a reflektéiert,wat bis elo alles ausprobéiert an ëmgesat gouf. Op 3 Joer gekuckt, hu mir ronn 40 verschidden Tëschenziler formuléiert a gréisstendeels ëmgesat!

Fir datt mir dës flott Aarbechten awer och no baussen droe kënnen an d‘Plakater net an engem Schaf verstëbsen, koum d’Iddi vun engem Ausstellungskatalog op, deen Dir elo kënnt online kucken. Mir si frou, dass d’Schëtter Gemeng eis bei dëser Realisatioun esou wäertvoll ënnerstëtzt huet a soen hir op dëser Plaz e grousse MERCI!

Mir wënschen Iech all vill Spaass beim Liesen.

De Comité aus der Schoul “An der Dällt”