Maison Relais
Mir iwwert eis
Eis Maison Relais déi sech um Site Scolaire „an der Dällt“ befënnt, huet hier Dieren am Februar 2006 opgemaach an ass am Oktober 2009 an hiert neit Gebai geplënnert.
D ‘Kanner kënnen vun 3 Méint bis 12 Joer bei eis betreit ginn.
Si sinn opgedeelt an 6 Gruppen. Dëst sinn an onser Crèche de Grupp “Päiperleken” (0-2 Joer) an de Grupp “Fräschen” (2-3Joer), de Grupp “Wibbelmais” (C1 Précoce), de Grupp “Minibutzen” (C1 Spillschoul), de Grupp “12ABC” (C2.1, C2.2, C3.1) an de Grupp “Lollipop” (C3.2, C4.1, C4.2). Den Encadrement vun de Kanner gëtt vun diploméierten Educateuren/tricen an “Aides-Socio-Educatives” assuréiert.
Eis Maison Relais gëtt nach bis den 14.10.15 geleet vum Marina Rossi (chargée de direction) a vum Anouk Greis (chargée de direction adjointe), ab dem 15.10.15 kënnt d’Caroline Marx zréck als chargée de direction.
Eng Équipe vun 4 Professioneller bereeden all Dag an eiser Kichen eisen flotten frëschen Iess-Buffet fir.
Waat maache mir an eiser Maison Relais
- Mir bidden en Accueil vu 07:00 bis 08:00 Auer moies un, fir déi Elteren, déi fréi schaffe ginn
- An der Mëttesstonn bidde mir de Kanner mat eisem “Buffet-System” eng ofwiesselungsräich Molzecht, an verschidden Fräizäitaktivitéiten, di si souwäit wéi méiglech fräi wielen kënnen.
- No der Schoul bidde mir nieft der Hausaufgabe-Surveillance verschidde Fräizäitaktivitéiten un, di mir zesumme mat de Kanner gestallten, an di villfälteg Beräicher ofdecken, wéi zum Beispill Bewegung an Natur, Technik an Handwierk, kënschtlerescht Gestallten,....

An der Schoulzäit :
Mir sinn an de Schoulgruppen op vu Méindes bis Freides :
moies vun 07:00 bis 08:00 Auer a mëttes vun 11:45 bis 14:00 Auer.
Méindes, Mëttwochs a Freides no der Schoul vun 16:00 bis 19:00 Auer an
Dënschdes an Donneschdes vun 14:00 bis 19:00 Auer.
An de Schoulvakanzen :
Mir sinn an all de Schoulvakanzen op vu moies 07:00 bis owes 19:00 Auer (ausser di legal Feierdeeg an eng Woch ronderëm Krëschtdag), an dat ass dëst Joer vum 24ten Dezember 2015 um 14:00 bis den 4ten Januar 2016 moies um 07:00.
Eist Konzept :
Mir schaffen an eiser Maison Relais mat de Kanner vun 0-2 nom Konzept vun der Pikler Pädagogik, mat de Kanner ab 2 Joer no der Reggio Emilia Pädagogik, déi hei zu Lëtzebuerg ënner dem Numm “Weltalier” ugewannt gëtt. Et geet dorëms, dass een d ‘Kanner als kompetent Perséinlechkeeten ugesäit, an hinnen e Maximum u fräie Choix an hiren Handlungen zoutraut, an si sou, an engem definéierten a gesécherten Kader, villes eleng maache léisst. Den Erzéier huet d ‘Roll vun enger aktiver Begleetpersoun, déi de Kanner Ureegungen gëtt, an si an hiren Handlungen an an hirem Wierken ënnerstëtzt. Wichteg Themen am Weltatelier, ronderëm déi d’Atelier’en an d’Aktivitéiten opgebaut sinn, sinn ënner anerem Bewegung an Natur, Handwierken a kënschtlerescht Gestalten, Verkleeden an Theater spillen, Musek a Sprooch, an nach villes méi. Et gëtt och regelméisseg a Projeten geschafft, di op d ‘Interessen vun de Kanner hin, zesummen mat hinnen entwéckelt an duerchgefouert ginn, wéi zum Beispill de Projet “Fit an der Natur” (Bewegungsprojet) oder eise “Biogaart”.
Ausser die ganz Kleng Kanner (0-2) iessen d ‘Kanner alleguerten no engem Buffet-System. Dëst bedeit, dass d ‘Kanner sech fräi servéieren kënnen. Dëst bedeit, dass d ‘Kanner selwer kënnen entscheeden, wat a wéivill si iessen wëllen, woubäi si aktiv vun den Erzéier encouragéiert ginn (awer net gezwongen) , vun allem ze schmaachen, woubäi vill Wert op frëscht Geméis an Uebst geluet gëtt.
D ‘Relatioun an d ‘Zesummenaarbecht mat den Elteren spillt eng bedeitend Roll an eisem Konzept, mir invitéieren d ‘Elteren sech wann ëmmer de Besoin besteet, un äis Erzéier ze wenden. D‘Dokumentatioun vum Alldag vun de Kanner gëtt ënner anerem duerch‘‘sprechende Wände‘‘ , Fotoen an Panneauen ënnerhal.

Eis Crèche ass ëmmer op vu moies 07:00 bis owes 19:00 Auer.
Fir all weider Informatiounen si mir erreechbar:
Marina Rossi (Caroline Marx) : 35 98 89 – 371/ 621 154 707
Anouk Greis : 35 98 89 – 377 / 621 154 707
Crèche ( vun 3 Méint bis 3 Joër ): 35 98 89 – 375
Wibbelmais (Précoce) : 359889-386
Minibutzen (Cycle 1) : 35 98 98-374
12ABC (Cycle 2,31) : 35 98 89 - 373
Lollipop (Cycle 32 an 4) : 35 98 89 - 372
Fax : 35 98 89 - 379
Eis e-mail-adress as : maison.relais@ecoles-schuttrange.lu
