Accueil path_arrow
 
Maison Relais
 
Informations Maison Relais

PRAKTESCH INFORMATIOUNEN

 

Mir sinn e « centre d’accueil » fir Kanner déi um site scolaire Minsbech an d’Schoul ginn. D’Kanner vum éischte Joer Spillschoul bis an  d’6. Schouljoer kënne bei eis opgeholl ginn.

D’ Maison Relais ass all Dag op an zwar :

 

 Méindes      

Dennschdes 

Mettwochs  

Donneschdes 

 Freides         

7.00- 8.00

7.00- 8.00

7.00- 8.00

7.00- 8.00

7.00- 8.00

12.00-14.00

12.00-19.00

12.00-14.00

12.00-19.00

12.00-14.00

16.00-19.00

 

16.00-19.00

 

16.00-19.00

 

 

An der Vakanz si mir da vu  moies 7.00 bis owes 7.00 Auer op.

D'Crèche ass op vu moies 7 bis owes 7 !

 

 

MIR IWWERT EIS

 

D’Equipe aus der Maison-Relais ass folgendermoossen zesumme gestallt:

Crèche :

Tammy Ansay-Marx

Paula Do Carmo

Sandy Wilhelmy

Isabelle Brandenburger

Linda Thill

Monique Flammang

 

Minibutzen:

Sandy Wilhelmy

Jenny Da Fonseca

Viviane Konsbruck

Linda Thill

 Christophe Kirsch

Anja Heuker


12ABC:

Josette Gasperi

Nicole Bosman

Helena Da Cruz

 

Lollipop:

Liliane Grethen

Isabelle Lanners

 

Bureau:

Maggy Weinandt

Helena Da Cruz


 

Eis Präisser si gerechent nom System vun de Chèque Service, déi am März agefouert gi sin.

 

WAT MAACHE MIR  AN DER MAISON RELAIS?

 

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass d’Cantine an der Mëttesstonn, wou mir all zesummen am Centre Culturel iessen.  Awer mir maachen och nach aner interessant Saachen :

  • Mir sinn do fir déi Kanner wou d’Eltere moies fréi scho musse schaffe goen an déi virun der Schoul eis Hëllef brauchen.
  • No der Schoul ginn d’Hausaufgaben gemaach an soss aner Aktivitéiten.

Wann d’Wieder et nëmmen erlaabt si mir och vill dobaussen.

 

 

AN DE VAKANZEN

 

Mir sinn an all de Schoulvakanzen op.

Während dëser Zait maache mir flott Aktivitéiten zesummen.

Mir  maache verschiddenes an der Maison Relais, wei spillen, bastelen, molen, kachen , liesen an esou weider.

Mir ginn awer och eraus a maachen Aktivitéiten ausserhalb vun Minsbech. Mir ginn an de Bësch, fueren an d’Schwemm, an d’Stadt, op Austellungen (z.B. Hariboausstellung zu Tréier).

Heiansdo si mir dann och den ganzen Dag fort an huele Pique-nique mat. Mir ware schons an de Betebuerger Park, an de Märeler Park, an de Päiperlécksgaart, op Iechternach op de Séi, mam Velo fueren oder op Veianen op d’Mëttelalterfest.

A mir hunn nach eng ganz Rëtsch aner flott Idien.

 

Imprimer

Contacts

Maison relais Centre scolaire

185, rue Principale L-5366 Munsbach

Lundi: 7.00 - 8.00 ; 12.00 - 14.00 ; 16.00 - 19.00

Mardi: 7.00 - 8.00 ; 12.00 - 19.00

Mercredi: 7.00 - 8.00 ; 12.00 - 14.00 ; 16.00 - 19.00

Jeudi: 7.00 - 8.00 ; 12.00 - 19.00

Vendredi: 7.00 - 8.00 ; 12.00 - 14.00 ; 16.00 - 19.00

 


Tél : 35 98 89 - 371
Fax : 35 98 89 - 379

Maggy Weinandt (Chargée de direction)



Prendre contact
© Administration Communale de Schuttrange