Gemeng Schëtter
20190708 aweiung leegrond 920x535

A Präsenz vun der Madame Sam Tanson, Ministesch fir Logement a Kultur, war den 8. Juli 2019 déi offiziell Aweiung vun 2 Haiser déi sollen prioritär u jonk Familljen a Jugendlecher aus der Gemeng verlount ginn.

Dës Haiser vun ongeféier 168 m2, ausser Keller, technesche Raim a Garagen, hunn ënnert anerem 3 Schlofzëmmeren an ee Büro.

De Logementsministère ënnerstëtzt dëse Projet mat 65% vun de Baukäschten.

En Depliant mat all den Informatiounen zu dësem Projet an e Formulaire fir sech anzeschreiwen gi geschwënn ausgedeelt an och um Internetsite vun der Gemeng publizéiert.

Foto : © Ministère du Logement