Gemeng Schëtter
LOCATIONS DE LOGEMENTS COMMUNAUX2

All eise Matbierger Zougang zu bezuelbare Wunnechten ze erméiglechen bleift weiderhin eng  vun de gréissten Erausfuerderungen hei am Land. Am Moment ginn souwuel op Säite vum Staat, wei och vun de Gemengen grouss Efforten an dësem Beräich gemat, awer et feelt et nach ëmmer u Wunnechten, dëst besonnesch fir jonk Leit déi finanziell nach nët esou gutt do stinn.
Och hei zu Schëtter kënne vill jonk Familljen a Jugendlecher sech mat den aktuelle Maartpräisser kee Logement lounen oder kafen an hei wunne bleiwen. Duerfir ass eng vun de Prioritéiten vum Schäffen- a Gemengerot och weiderhin erschwénglech Wunnengen ze bauen, mam prioritären Ziel deene Jonken déi an eiser Gemeng opgewuess sinn ze erlaben och weiderhin hei wunnen ze bleiwen.
An de leschte Joren huet d’Gemeng an Zesummenaarbecht mam „Fonds du Logement“ an der „Société Nationale d’Habitations à Bon Marché (SNHBM)“ Haiser an Appartementer gebaut. Mir hunn am Kader vun dëse Projeten deene staatlechen Träger den Terrain fir 99 Joer zur Verfügung gestallt.
Donieft si mer als Gemeng awer och selwer aktiv ginn fir Logementer ze realiséieren déi sollen prioritär u jonk Familljen a Jugendlecher aus eiser Gemeng verlount ginn.
Zwee Haiser ginn demnächst fäerdeg gestallt an an dëser Brochure fannt der déi néideg Informatioune betreffend d’Wunnengen an d’Prioritéite no deenen d’Logementer zougestan ginn.
Mir sinn als Schäffen- a Gemengerot frou och mat dësen Haiser weidere Jonken d’Gelegenheet ze ginn hei an eiser Gemeng kënne wunnen ze bleiwen.

Locations_de_logements_communaux.pdf