Gemeng Schëtter
Gemeng panorama header

D'Wuert vum Buergermeeschter

jp

Léif Matbierger, léif Visiteuren,

 

Ech heeschen Iech ganz häerzlech wëllkomm hei op eiser neier Internetsäit vun der Gemeng Schëtter.

Dëse neie Site weist e ganz neien Design op, mat deem mir versicht hunn, Är Sich, Är Démarchen, ze vereinfachen. De neie Site gouf och méi iwwersiichtlech a méi intuitiv gestalt.

 

Dir fannt op dësen Internetsäiten all déi verschidde Servicer déi mir ubidden an Dir fannt och vill Informatiounen iwwert d ‘Liewen an eiser Gemeng.

 

Den Internetsite ass nach net ganz fäerdeg an et wäerten nach e puer zousätzlech Funktiounen dobäi kommen. Dowéinst , wieren mir frou iwwert all Suggestiounen an Verbesserungsvirschléi déi Dir eis géift maachen.

Ech soen Iech schonn am Viraus villmools Merci fir Är léif Hëllef.

 

Vill Spaass beim Surfen op eiser Internetsäit

 

Jean-Paul Jost

Buergermeeschter