Développement durable
Publié le 31 janvier 2023

Aktioun Wëllstauden 2023

wellstauden

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbser erëm méi Pollen- a Nektarquellen an eise Dierfer ze bidden.

LU

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dorun, fir de Bestëbser erëm méi Pollen- a Nektarquellen an eise Dierfer ze bidden. Aus deem Grond huet de Schäfferot décidéiert, fir d’Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtze. Mir offréieren dofir all Haushalt aus der Gemeng Schëtter e Pak mat 6 Wëllstauden fir ronderëm d’Haus ze planzen. D’Staude sinn gratis an mussen op en Terrain geplanzt ginn, deen Iech gehéiert. Am beschten planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm äert Haus (bei der Liwwerung kritt Dir och eng Planz-Uleedung mat Informatiounen zu deene verschiddene Staude). Dir musst eng Fläch vun engem Quadratmeter fir déi 6 Staude virgesinn.

 

FR

En collaboration avec la station biologique SIAS, notre commune s’engage à augmenter les sources de pollen et de nectar pour les pollinisateurs dans nos villages. C’est pourquoi le collège des Bourgmestre et échevins a décidé de soutenir les citoyens dans l’aménagement écologique de leurs jardins et de leurs balcons. Nous offrons à chaque ménage de la commune de Schuttrange un paquet de 6 plantes vivaces à planter dans les alentours de la maison. Ce paquet est gratuit et doit être planté sur le terrain du requérant. Il est préférable de planter les plantes vivaces dans un endroit ensoleillé (vous recevrez un guide de plantation contenant des informations sur les différentes plantes vivaces). Vous devez prévoir une surface d'un mètre carré pour les 6 plantes vivaces.