Gemeng Schëtter
Schetter

Smart Schëtter Cityapp

CityApp Schuttrange

Smart Schëtter logo

Mir sinn houfreg Iech eis nei App dierfen virzestellen, déi mat der Collaboratioun vun Hotcity op de Bedarf vun eise Bierger entwéckelt ginn ass.

Zousätzlech zu eisem neien Internetsite, an de soziale Medien, wëlle mir eise Bierger  heimat d’Liewen an eiser Gemeng vereinfachen.

Vun elo un kënnt Dir d'CityApp Schëtter am App Store an am Google Store gratis eroflueden.

Google Play: https://play.google.com/store/apps/details?id=lu.schuttrange

Apple Store: https://itunes.apple.com/lu/app/schuttrange/id1451285779?mt=8

Hei fann Dir ënner anerem eisen Agenda, Aktualitéiten, Buspläng, a villes méi.

REPORT-IT ass hei eng ganz flott, a praktesch Funktioun, di Iech et erlaabt, iergend e Problem, oder soss eng Belaaschtung an eiser Gemeng einfach a schnell bei eis ze mellen. 

Nach eng flott Funktioun sinn d’Push-Up Noriichten, di eis et erlaabt, Iech schnell an einfach iwwer Noriichten op ärem Smartphone ze informéieren. Des sinn opgedeelt a méi Rubriken, déi Dir auswiele kënnt je nodeem wat Iech interesséiert: Nei Aktualitéiten, Manifestatiounen, Chantier’en, Waasser an elektresch Reseaux Problemer, Gemengerot a Schoul.

Schetter