Événement sportif

Publié le 17 avril 2024

2024-04-16 22:00:00+00:00 7:00 18:30

La Flèche Wallonne

Fleche-Wallonne

Informations générales


17.04.2024

7:00 - 18:30


D’Sportskommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëtter invitéiert Iech häerzlechst op de Besuch vun der dësjäreger Flèche Wallonne  e Mëttwoch, den 17. Abrëll 2024.

Mir fuere moies mat engem Bus offréiert vun eiser Gemeng op Huy (B), fir d‘Flèche Wallonne zesumme mat anere Vëlosfrënn aus der ganzer Welt ze bewonneren. D’Réckfaart wäert géint 18:30 sinn.

Depart Bus: 7h00
Wou: Bei der Schoul „An der Dällt“ (Minsbech) Retour Bus: 18h30

Fir den Trajet hin an zeréck, wäerte mer jeeweils eppes iwwer 2 Stonne brauchen. D’Verpfleegung vun dësem Ausfluch ass op eege Käschten.
D'Flèche Wallonne gehéiert zu den 3 Ardenne Klassiker. D’Montée vun der „Mur de Huy“ (Steigung vu 26%) als Schlussarrivée ass eenzegaarteg. Dir profitéiert vun den Dammen an den Hären, déi dëst Joer 4x eropfueren, warscheinlech wäerten och puer lëtzebuergesch Profien derbäi sinn.

Fir weider Informatioune kënnt Dir de Jemp Kauffmann (Tel:621 131 260) kontaktéieren, umelle kënnt Dir Iech bis den 31.Mäerz beim Conny Ney (connyney@yahoo.de)