15 févr./2019
En Dag am Cipa Gréngewald
Date :
15.02.2019
Début de l'événement :
11:30
e Freideg de 15. Februar 2019 vun 11.30 Auer un ze invitéieren dee fir all eeler Awunner (vu 65 Joer un), aus der Gemeng Schëtter, an de Raimlechkeete vum « Centre Intégré pour Personnes Âgées de Niederanven » (CIPA GRÉNGEWALD) organiséiert gëtt.
Wann Dir bei dësem gemittleche Mëttegiessen an der Visitt wëllt dobäi sinn, mellt Iech telefonesch op der Gemeng iwwer d‘Telefonsnummer 35.01.13-226 un.
Wëllt Dir vun eisem Gratistransport profitéieren, da komme mir Iech sichen a bréngen Iech och erëm heem. Den Depart vu Schëtter duerch d‘Duerf ass ab 11.00 Auer, op de gewinnte Busstatiounen a mir kommen zréck géint 15.30 Auer.
Umeldung bis den 11. Februar 2019 spéitstens wegl.
Mir freeën eis elo schonn op e schéinen Dag mat Iech.
Jean-Paul JOST Claude MARSON Victor BACK
Buergermeeschter Schäffen Schäffen



