Gemeng Schëtter
Vente Maison 1page

Dir hutt vir en Haus oder en Terrain an der Gemeng Schëtter ze verkafen?
Maacht och der Gemeng eng Offer!

Flyer version LU-FR-DE-EN.pdf


Och weiderhi bleift op Landesniveau den erschwéngleche Wunnengsbau eng vun de gréissten Erausfuerderungen.

Als Gemeng maachen och mir grouss Effort ‘en fir all eise Bierger Zougang zu bezuelbare Wunnechten ze erméiglechen. Dëst besonnesch fir jonk an eeler Leit, déi sech kee Logement zu den aktuelle Maart Präisser lounen oder kafe kënnen. Mir konnte bis haut 4 Appartementer am Zentrum vu Schëtter an 2 Haiser am Léegrond verlounen.

Weider Wunnechte sinn zu Schëtter, Schraasseg, an Iwwersiren respektiv am Bau an a Planung.

 

Et ass eng vun de Prioritéite vum Schäffen- a Gemengerot och weiderhin erschwénglech Wunnengen ze bauen, mam prioritären Zil, all deene Jonken déi an eiser Gemeng opgewuess sinn an deene Leit déi hei wunnen ze erlaben hei an der Gemeng ze bleiwen an domat an hirem sozialen Ëmfeld. Fir dëst Zil kënnen ze erreechen, si mir permanent op der
Sich no Gebaier an Terrain ‘en fir flott Projet ‘en am Interessi vun der Allgemengheet kënnen ze maachen. Leider gi mir oft eréischt gewuer datt Immobilien zum Verkaf stoungen, wann se scho verkaf sinn.

 

Duerfir kontaktéiert eis och wann Dir wëllt verkafen, fir och ärer Gemeng d’Méiglechkeet ze ginn Iech eng Offer zum Maartpräis ze maachen.

Kontakt
Telefon: 35 01 13 - 223 (Alain Dohn, Gemengesekretär)
Natierlech kënnt Dir Iech och am Accueil vun der Gemeng mellen.
All Offeren an Diskussioune ginn absolut vertraulech behandelt.
Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir är Hëllef.
De Schäfferot
Jean-Paul JOST, Buergermeeschter
Nora FORGIARINI, Schäffin
Serge THEIN, Schäffen