Gemeng Schëtter
La Boca

Heimat invitéiere mir Iech ganz häerzlech op de

 

Concert “La Boca”,

Freides de 17. Juni ab 20:00 Auer um Campus “an der Dällt” zu Minsbech.

De Concert ass organiséiert vun der Kulturkommissioun.
“La Boca”, e lëtzebuergeschen Instrumentalquintett, gouf 1998 gegrënnt. D’Iddi war d’“Tango Nuevo” Kompositioune vum Astor Piazzolla vun de Joren 1979 bis 1988 z’entdecken an ze promovéieren. Nodeems “La Boca” sech 20 Joer mam Piazzolla sengem Tango Nuevo beschäftegt huet, hunn d’Museker lo ugefaangen den Tango Nuevo Meeschter op eng ganz nei Manéier ze interpretéieren. Encadréiert ginn si vun 2 professionellen Tango Dänzer.