Gemeng Schëtter
Myrenovation

Zesumme mat der Chambre des Métiers Luxembourg, dem OAI - Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils an der Fédération des Artisans - Luxembourg huet myenergy eng nei App entwéckelt mat där finanziell Bäihëllefe fir eng energetesch an nohalteg Renovéierung kënne simuléiert ginn. Dank der Geolokalisatioun vum Haus oder Appartement, weist d’myrenovation och direkt ob méiglech kommunal Bäihëllefen hin.
An der gratis App fënnt een ausserdeem e praktesche Guide wéi een dës Bäihëllefen ufroe kann a vill hëllefräich Informatioune ronderëm nohalteg an energieeffizient renovéieren, erneierbar Energien an d’Elektromobilitéit. D’myenergy App bitt och eng komplett a reegelméisseg aktualiséiert Lëscht vun allen agreéierten Energieberoder hei zu Lëtzebuerg.
myrenovation ass op franséisch, däitsch an englesch disponibel a kann am App oder Google Store gratis gedownload ginn. 

myrenovation

Fir d’Leit z’ermonteren d‘App erofzelueden, huet myenergy entscheet zesumme mat der Fondatioun „Hëllef fir d’Natur“ e Bam ze planze fir all Download tëschent dem 12. an 20. Oktober. E klenge Geste fir eis Ëmwelt!